1. Meefeier 2026
6th May 2026
DT Féngig
Wéi all Joers hate mir zu Féngeg am Schoulhaff eis 1. Meefeier. Och dëst Joer hate mir Chance mam Wieder a soen all de Leit merci, déi de flotten Dag mat eis verbruecht hunn.
Mir soen awer och all de Lait merci, déi Moies schons sou fréi mat eis an de Bësch gaange sinn fir mat eis d'Meekränz ze maachen, déi mir bei eisen féngeger Députéierten, eisem Cheffen, de Lait aus dem Gemengerot, sowéi bei eisem Spillsall an eisem Duerfcafé opgehaangen hunn. Wéi all Joers goufe mir hei super Empfaangen an kruten méi wéi genuch lecker Saachen opgedëscht.
Mir freeën eis elo schonn fir Iech all bei eisem nächsten Event, der Marche Gourmande begréissen ze kënnen.
