Relegatiouns-Matcher
12th May 2026
DT Féngig
Den 2. Mee huet eis 1. Equipe hiren éischte Relegatiounsmatch zu Kéinzig gespillt. Nach gedoppt vum 1. Mee konnte mir den Himatch géint déi éischt Equipe vu Rued mat 6-2 fir eis entscheeden.
Elo geet et drems fir den nächste Match de 16. Mee auswäerts zu Rued erëm ze gewannen fir an d'Nationale 3 opzesteigen. De Match ass um 19:30 am Centre Sportif, 20 route de Luxembourg, L-6916 ROODT-sur-Syre.
Mir sinn frou fir all Supporter vum Veräin den de Wee op Rued fënnt fir eis Equipe ze ennerstetzen, fir dass mir fir d'éicht Kéier an der Geschicht vun eisem klengen Duerfveräin den Opstig an d'Nationale 3 géife packen.
Bis de 16. Mai zu Rued.
ALLEZ FÉNGIG!
