Season Recap 2025-2026
18th May 2026
DT Féngig
D'Saison 2025-2026 geet op en Enn. An wat fir eng Saison fir den Dëschtennis Féngig! Hei e klénge Resumé:
Championnat Seniors:
- Féngig 1 spillt elo an der Nationale 3!
- Féngig 4 ass an déi 2. Divisioun opgestigen! Soumat hu mir elo 3 Equipe an der 2. Divisioun.
- Féngig 5 ass an déi 3. Divisioun opgestigen!
Awer net nëmmen eis Senioren hunn des Saison ofgerappt, eis Dammen och!
- Féngig 1 Dames ass 2. an der 1. Divisioun ginn!
Coupe Think:
-Féngig 1 ass an d' 1/4 Finall komm
Och eis Jugendspiller kënnen sech weise loossen! Hei ass Féngig 2 an déi 3. Divisioun geklomm!
Individuell ware mir dëst Joer och gutt ënnerwee! Hei hunn d'Elena Thorn an de Charel Kirsch alles ginn!
Thorn Elena:
- 3. Plaz Simples Dames B op der Landesmeeschterschaft
- 3. Plaz Kategorie C1-C2 op der Regionalsmeeschterschaft
- 2. Plaz am Double bei den Dammen op der Regionalsmeeschterschaft
Kirsch Charel:
- 2. Plaz bei der U21 op der Regionalmeeschterschaft
Säit dësem Joer dierfe mir och op en neien Arbitter an eise Reien zielen. Nieft dem Daniel Passau de säit leschtem Joer offiziellen Arbitter ass huet och de Sanel Music dëst Joer säin Examen als offiziellen Arbitter gepackt. Felicitatioun!
